Jhemp Bastin
Jhemp Bastin | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jean-Paul Bastin |
Gebuer |
24. Mee 1963 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
De Jhemp (Jean-Paul) Bastin, gebuer de 24. Mee 1963 zu Ettelbréck[1], ass e lëtzebuergesche Sculpteur.
Liewen[edit | edit source]
De Jhemp Bastin huet op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel an op der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis studéiert.
Nodeem hien eng kuerz Zäit am Stol geschafft huet, huet e sech op hëlze Skulpture spezialiséiert, déi hie mat enger Kettesee beaarbecht. Hie schafft haaptsächlech am Eechen- an am Bichenholz. Déi schwaarz Fierwung u senge Skulpturen ass verkuelten Holz, dat mat Hëllef vun engem Schweessbrenner entsteet.
Am Kader vum Kulturjoer 2007 huet de Jemp Bastin beim Projet hArt an der grenze matgemaach. Säi Bäitrag war eng Skulptur aus Eechenholz mam Titel Topograpie I, déi bei Ënnereesbech um Lieu-dit "Kaendel" op der lëtzebuergesch-däitscher Grenz an der Our stoung.
De Jhemp Bastin lieft a schafft zu Bidscht.
Perséinlech Ausstellungen[2][edit | edit source]
2001[edit | edit source]
- Galerie du Théâtre, Esch-Uelzecht
- Galerie et Centre de Création B/C2, Beetebuerg
2002[edit | edit source]
- Galerie Simoncini, Stad Lëtzebuerg
2004[edit | edit source]
- Galeria d'art contemporani Maria Villalba i Badia, Barcelona
2005[edit | edit source]
- Galerie Simoncini, Stad Lëtzebuerg
2006[edit | edit source]
- Galerie les Vergers de l'Art, Paräis
2007[edit | edit source]
- Galerie du Château de Bourglinster, Buerglënster
- hArt an der Grenze – art sur la frontière, Ënnereesbech
2008[edit | edit source]
2009[edit | edit source]
- International sculpture triennial, Poznań
- Galerie Schlassgoart, Esch-Uelzecht
2010[edit | edit source]
- Galerie Simoncini, Stad Lëtzebuerg
2011[edit | edit source]
- BGL BNP Paribas a CAL, (Danielle Grosbusch - Pascal Piron - Jhemp Bastin), Stad Lëtzebuerg
2012[edit | edit source]
- Galerie Chantal Bamberger, Stroossbuerg
- Skulpturenweg am Erbeskopf, Rheinland-Pfalz
2013[edit | edit source]
- Jhemp Bastin, Sculptures, Galerie Simoncini, Stad Lëtzebuerg
Auszeechnungen a Präisser[edit | edit source]
- 1995, um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg, krut hien zesumme mat der Barbara Wagner, de Prix d'encouragement aux jeunes artistes.
- 1995, Prix de la Biennale des Jeunes zu Esch-Uelzecht
- 2001, gouf hien um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg mam Prix de Raville vun der Dresdner Bank ausgezeechent.
- 2001, Prix du Club 51 Bassin Minier
- 2008, Prix du Public de la 4e Biennale d'art contemporain, Marcigny
Literatur[edit | edit source]
- Herr, Lambert, 2010. Jhemp Bastin. Mat engem Viwuert vum André Simoncini ISBN 978-2-87963-776-1
- Salm-Salm, Marie-Amélie zu, 2005. Jhemp Bastin: sculptures 2000-2004. ISBN 2-87996-845-3
Kuckt och[edit | edit source]
Um Spaweck[edit | edit source]
Commons: Jhemp Bastin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Jhemp Bastin op der Websäit 4art.lu (fr)
- De Jhemp Bastin op der Websäit vum Cercle artistique de Luxembourg (fr)
- De Jhemp Bastin op der Websäit vu mediArt (de)
Billergalerie[edit | edit source]
Referenzen[edit source]
- ↑ Katalog Salon 2001, Cercle artistique de Luxembourg, S. 36
- ↑ Curriculum op 4art.lu Archivéiert op 2007-07-16. Gekuckt de(n) 2007-08-22.